Een Dag no der Finale vu Roland Garros zu Paräis gëtt et e Méindeg an der Philharmonie nach emol een Tennismatch - dës Kéier ee musikaleschen tëscht Cellisten. Dat ass d'Iddi, déi hannert dem Mauricio Kagel senger Kompositioun "Final Match" stécht. Um Terrain stinn d'Museker vun United Instruments of Lucilin ënnert der Leedung vum David Reiland.
arrow_back_ios