Den Owend ass op der Antenne 100,7 e Concert live aus der Philharmonie ze héieren. De Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg trëtt mam Dirigent Juanjo Mena op, well den Dirigent Dmitry Liss, dee virgesi war, erkrankt ass. Solist ass nees eng Kéier den exzellente Pianist Stefano Bollani.
De Concert gëtt live moderéiert vum Guy Engels, a Collaboratioun mam SR2 Kulturradio. De Guy Engels gëtt d'Detailer.