De Benjamin Kruithof huet schonn en etlech Präisser gewonnen, mä de Prix Anne et Françoise Groben wäert eng besonnesch Plaz a senger Sammlung fannen. D'Françoise Groben war eng bedeitend Cellistin, selwer Laureatin vum renomméierten Tschaikowsky-Concours. No der Finale vum Concours, deen den Numm vun zwou Lëtzebuerger Musekerinnen dréit, steet de Benjamin Kruithof deemno an enger prominenter Successioun.
arrow_back_ios