Mëttes-Concert
Wierker vun der Lou Koster
0 min
Fir de Mëttesconcert huet de Manuel Ribeiro eng Lëtzebuerger Komponistin erausgesicht: d'Lou Koster. Vun hier ass virun allem "Der Geiger von Echternach" bekannt, mam traditionelle Passagë vun der Sprangprëssessioun. Mä d'Lou Koster huet och eelef vun hiren insgesamt 26 Pianoswierker orchestréiert. Eng Partie dervun gëtt et als Opnam mam Orchester Estro Armonico ënnert der Direktioun vum Jonathan Kaell. Dës Stécker sinn an engem méi "liichte" Stil geschriwwen: Walzersuitte "Lore-Lore", "Moselträume", "Unter blühenden Linden". Mä och eng Suite dramatique oder d'Ouverture légère stinn um Programm.