Iwwermuer Sonndeg (4.2.2018) ass den nächste Concert-apéritif, deen d'Amis de l'Orchestre philharmonique du Luxembourg organiséieren. Op der Bühn am Kammermuseksall spillt ee Quintett vun OPL-Museker - dorënner och d'Braatschistin Esra Kerber. No engem Joer op Prouf huet déi däitsch Musekerin elo e fest Engagement zu Lëtzebuerg.
arrow_back_ios