2014 huet de Richard Egarr fir déi éischte Kéier de Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg dirigéiert. Um Programm stoung ënnert anerem dem Ludwig van Beethoven seng 8. Sinfonie. Elo ass den Dirigent a Pianist nees am Land, an am Gepäck huet hien nees eng Beethoven-Sinfonie. Dës Kéier awer déi drëtt mam Bäinumm Eroica. Do dernieft interpretéiert hie selwer dem Wolfgang Amadeus Mozart säi 24. Pianosconcerto an dirigéiert eng Rossini-Ouverture.
De Luc Boentges huet sech no enger Prouf mam Richard Egarr getraff an huet mat him iwwert de Programm geschwat.