Zwou Tournéeë pro Joer, Optrëtter bei de Salzburger Festspiller, dem Edinbourgh Festival an de BBC Proms. Dozou komme Reesen a China, Japan, Indien, Amerika a Russland: Dëst ass net de Curriculum vun engem professionellen Orchester, mä vum European Union Youth Orchestra.
D'Cathy Heidt gouf dëst Joer als eenzeg Lëtzebuerger Musekerin selektionéiert, bei dësem Orchester matzespillen. Grond genuch fir de Luc Boentges, déi jonk Geiistin an de Studio z'invitéieren.