En nächste Sonndeg (18.3.2018) fänkt déi 31. Editioun vum Festival Musek am Syrdall un. Fir den Ouverturesconcert steet Barockmusek um Programm mat Wierker vu Bach, Buxtehude, Bruhns, Telemann a Vivaldi. Interprete sinn de Barockensembel Ad Libitum an de Vokalensembel Picante, fir deen dëse Programm eng nei Erausfuerderung ass.
arrow_back_ios