Muer Freideg (16.3.2018) trëtt déi jonk Formatioun Vision String Quartet zu Esch am Conservatoire op. Eege Rock-Songs sinn an hirem Repertoire genee esou wichteg wéi déi klassesch Literatur. An och wann déi véier Museker zu Lëtzebuerg mat engem Programm voller klassesche Komponisten optrieden, kann ee sech op e méi rockege Concert freeën, wéi de Braatschist Sander Stuart dem Luc Boentges verroden huet.
arrow_back_ios