E Méindeg ass d'Prouwe-Phase vum Kompositiounsprojet "Von den Schluchten zu den Sternen" u gaangen. Nodeems zwou Bouneweger Schoulklassen sech mat der Musek vum Olivier Messiaen ausernaner gesat hunn, an en eegent Stéck komponéiert hunn, bréngen d'Schüler hiert Wierk haut (21.03.2018) zesumme mat Museker aus dem Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg op d'Bühn vum Kammermusekssall an der Philharmonie.
De Luc Boentges huet gëschter an eng Prouf era gelauschtert.