Wéi de Christoph Poppen 2006 Chefdirigent vum Orchester vum Saarlännesche Rundfunk gouf, war en direkt mat enger grousser Erausfuerderung konfrontéiert: d'Fusioun vun den Orchestere vu Kaiserslautern a Saarbrécken als Deutsche Radiophilharmonie, déi de Poppen bis 2011 geleet an zu engem unerkannten Ensembel forméiert huet. E Sonndeg (25.3.2018) ass et elo de Retour fir de Christoph Poppen op Saarbrécken. En dirigéiert eng Konzertmatinée, déi SR2 Kulturradio an de radio 100,7 vun 11.00 Auer un live iwwerdroen.
arrow_back_ios
Klassik aktuell
Retour op Saarbrécken
headphones
12 min
Lauschteren
play_arrow