Deen estneschen Dirigent Paavo Järvi ass dës Saison ee vun den Artists in Residence an der Philharmonie. Nodeems hie scho mat der Deutschen Kammerphilharmonie Bremen a mam Estonian Festival Orchestra opgetratt ass, steet hien iwwermuer Donneschdeg an e Freideg als Chef Invité um Pult vum Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg. De Guy Engels huet sech gëschter mam Paavo Järvi no där éischter Prouf mam OPL ënnerhalen.
arrow_back_ios