Mëttes-Concert
Fréijoersgefiller um Dag vun der Aarbecht
0 min
Um 1. Mee denke mir net nëmmen un d'Aarbecht, mee och dorunner, an de Bësch ze goen. Déi eng maachen e Meekranz, anerer gi just an d'Natur spadséieren, well d'Fréijoer seng éischt richteg Faarwe weist. Komponiste vun allen Epochen hunn d'Fréijoer thematiséiert, jiddereen op seng Fassong. De Manuel Ribeiro proposéiert Extraite mat Fréijoersgefiller.
Frank Delius: On Hearling The First Cuckoo In Spring
Gustav Mahler: Extrait "Das Lied von der Erde"
Richard Strauss: Extrait aus senge "Vier letzten Lieder"
Vum Skandinavier Carl Nataniel Berg seng 2. Sinfonie
Johann Strauss: Frühlingstimmenwalzer