arrow_back_ios
Mëttes-Concert
Himmelfahrtsoratorium
headphones
0 min
Fir d'Feierdeeg am Kierchejoer 1734/35 hat de Johann Sebastian Bach besonnesch Wierker geschafen: de bekannte "Weihnachtsoratorium" an den "Himmelfahrtsoratorium", deen den 19. Mee 1735 zu Leipzig eng éischte Kéier erklongen ass. De Manuel Ribeiro proposéiert ënner anerem den "Himmelfahrtsoratorium" mam Kammerchor an dem Barockorchester Stuttgart, mee och Wierker vum Sir John Tavener, Gustav Mahler an Ottorino Respighi.