De Johannes Brahms a besonnesch säin éischte Pianosconcerto sinn eng musikalesch Konstant am Liewe vun der Hélène Grimaud. Déi villsäiteg Musekerin, engagéiert Ëmweltschützerin a passionéiert Schrëftstellerin, huet sech no laange Joren nees eng Kéier mat hirer Lieblingskompositioun ausenanergesat a spillt en e Freideg (25.5.2018) an der Philharmonie.
arrow_back_ios