Dëse Sonndeg invitéiert den Ensembel Ad Libitum op eng Zäitrees am Schlass Veianen. Musikalesch geet et vum Mëttelalter iwwer d'Renaissance bis an de Barock an nach e bësse weider. Solistin vum Owend ass d'Sopranistin Christine Goethals.
De Luc Boentges huet mam Rosch Mirkes vum Ensembel Ad Libitum iwwert dës musikalesch Zäitrees geschwat.