Musek lieft nie an engem Vakuum, si huet eng sozial a kommunikativ Funktioun - eleng schonn doduerch, dat se Mënschen zesummebréngt. Mee Musek kann nach vill méi : si kann hëllefe - am Gesondheetsberäich, wéi déi rezent Aktioun vum Pianist David Ianni zugonschte vun der Deutschen Knochenmarkspenderdatei oder den 9. an 10. Juni, wa Pianiste beim Festreeval an der Philharmonie fir de Reebësch spillen.
arrow_back_ios