Iwwer 200 Stécker huet de Joseph Haydn fir dëst Instrument geschriwwen, an trotzdem kennt et haut bal kee Mënsch méi: De Baryton à cordes. Muer (5.6.2018) proposéiert de Michel Rada Igisch e Concert mat dësem Instrument am Centre des Arts Pluriels zu Ettelbréck. Begleet gëtt hie vum Vincent Ranger op engem Piano carré aus dem Joer 1777.
arrow_back_ios