Zanter e puer Deeg schafft de Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg un engem neien CD. Um Programm steet dat éischt Buch vum Claude Debussy sengem Wierk fir Piano "Images". Arrangéiert goufen déi dräi Sätz vum Colin Matthews, deen d'Opnamen an der Philharmonie suivéiert.
De Luc Boentges huet sech mam Komponist an Arrangeur getraff a mat him iwwer seng neisten Aarbecht geschwat.