Concerte mat Gaaschtdirigenten, Pressekonferenzen, déi ëmmer verréckelt goufen, keng Informatiounen iwwer de Programm vun der neier Saison an de Brochurë vun de grousse Concertsheiser: Et huet an deene leschte Wochen rumouert beim Orchestre de Chambre du Luxembourg, an elo ass et offiziell: De Florian Krumpöck ass net méi Chefdirigent an de Jean Muller net méi Directeur artistique.
arrow_back_ios