Virun enger Woch war d'Komponistin Tatsiana Zelianko am 100,7-Studio, just virun hirem Depart op Ouessant fir e Festival, deen dëst Joer hire Kompositiounen gewidmet war.
Si ass elo zeréck an huet dem Manuel Ribeiro verzielt, wéi eng Erfarung et ass, als Komponistin am Mëttelpunkt vun engem Festival ze stoen. Weider am Studio war och de Philippe Mergen vum Toundepartement vum CNA.