2007 war déi bulgaresch Pianistin Plamena Mangova Laureatin vum Concours Reine Elisabeth zu Bréissel. Eng vun deenen éischte Statiounen no den Epreuvë war d'Philharmonie - ee Concert mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg. Antëschent gehéiert d'Plamena Mangova zu deene confirméierte Musekerinne vun hirer Generatioun. Gëschter war si fir e Recital zu Lëtzebuerg.
arrow_back_ios