Blosmusek huet a Spuenien eng grouss Traditioun mat deene sëlleche lokale Bandas. Et ass och do, wou d'Carrière vun de Museker vum Azahar-Bléiserquintett ugefaangen huet. Déi fënnef Spuenier hunn 2015 de wichtegen ARD-Concours gewonnen an zanterhier international Carrière gemaach, eng Carrière, déi si e Samschdeg fir déi éischte Kéier op Lëtzebuerg féiert.
arrow_back_ios