Den Dean Spielmann ass Riichter um Tribunal vun der Europäescher Unioun a war de President vum Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter. Nieft sengem Beruff ass hien e passionéierte Museker. An deem Kontext presentéiert hien e relativ onbekannt Stéck vum Aaron Copland, dat am Kontext vun der Deklaratioun vun den universelle Mënscherechter komponéiert gouf.
arrow_back_ios