Viru Kuerzem huet de Pianist Joseph Moog eng nei CD mat Wierker vun Debussy a Ravel erausbruecht, déi an der Fachpress nëmmen déi bescht Kritike krut. Fir de Joseph Moog sinn CD-Produktiounen e wichtegen Deel vu senger kënschtlerescher Aarbecht. De Pianist ass e Museker, deen op ass fir all Repertoire - dat spigelt sech a sengen Opnamen an och a senge Concertsprogrammen erëm.
arrow_back_ios