"Four Pictures for Symphonic Band" heescht dat neit Wierk vum Cornist a Komponist Kerry Turner. Et war eng besonnesch Erausfuerderung fir de Museker vum Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg, den eigentlech kaum fir Harmonieorchester geschriwwen huet. Dem Kerry Turner seng Kompositioun an zwee aner Wierker stinn um Programm vum engem Concert vun der Militärmusek den 30. Januar 2019 am Stater Conservatoire.
arrow_back_ios