Während e puer Woche krut eng Klass aus dem Lycée Sainte-Sophie bei engem Workshop vun der Philharmonie an dem radio 100,7 en Abléck an de Beruff vun engem Museksjournalist. Dobäi hu si ënner anerem den Ëmgang mat engem Mikro geléiert, a wéi een en Interview preparéiert a féiert. Bei enger Visite vun der Philharmonie konnten d'Schülerinnen an d'Schüler an eng Prouf vum Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg eralauschteren an duerno Interviewe mat Museker, engem Techniker an dem Dirigent Bernard Labadie féieren.
An der Emissioun "Musek am Gespréich" ginn dës Interviewe presentéiert, déi zum Deel en déiwen Abléck an d'Liewe vun engem Orchestermuseker erméiglechen.
E weideren Abléck an de Workshop, zesummegestallt vum Professer David Eckes, fannt Dir hei.