De Marco Battistella war Mataarbechter vum radio 100,7, wou en de Museksdepartement geleet huet. Spéider wiesselt hie bei de Kulturministère a gëtt responsabel fir de Service Musical. Zënter Mee 2019 ass hie pensionéiert.
Dës Beruffserfarungen hunn et him erméiglecht Zeien, mee och Acteur ze sinn vun enger nationaler professionaliséierter Musekskultur.
De Marco Battistella ass dem Manuel Ribeiro säin Invité an der Emissioun Musek am Gespréich.