1978 grënnt sech e Vokalensembel, dee sech zwee Joer drop Les Amis du Chant nennt. Dirigent ass vun Ufank un de François Theis, deen den Ensembel vun engem Madrigalchouer zu engem Chouer forméiert mat engem ganz breede Repertoire, an der Lescht ëmmer méi mat Uropféierungen vun neie Kompositiounen. Ee Fixpunkt am Agenda vum Ensembel sinn déi jäerlech Christmas Carols am Stater Conservatoire.
De François Theis presentéiert dem Manuel Ribeiro säi musikalesch Choix.