Zwee Membere vum Marly Marques Quintet maachen haaptberufflech Musek. Déi dräi aner net, mee verbréngen déi meescht Zäit nieft hirer Aarbecht mat Musek.
De Marly Marques Quintet ass och déi eenzeg Formatioun vu véier Museker, versammelt ronderëm eng Sängerin, déi Musek an engem méi liichten Jazzmodus proposéieren hei am Land an dat zanter 2011. An och an der Groussregioun schéngt keng aner Band an deem Genre aktiv ze sinn. Dräi Diske si bis elo schonn eraus, an et ass bestëmmt nach net fäerdeg.
Mee wouru leit et, datt de Marly Marques Quintet Erfolleg huet an op vill Jazzfestivallen an divers Eventer invitéiert gëtt?
De Manuel Ribeiro huet de Quintet an de Studio invitéiert.