arrow_back_ios
Mëttes-Concert
La Boca feiert 20 Joer
headphones
0 min
Dem Astor Piazzolla seng Musek ass voller Charme a begeeschtert jiddwereen, dee sech vun hir fänke léisst. An esou ass et virun zwee Joerzéngten engem Grapp voll Museker gaangen, déi sech ënner dem Numm La Boca produzéieren. Den 13. November war de Concert vum 20. Anniversaire vum Ensembel La Boca am Stater Conservatoire mat Vania Lecuit (Gei), Kae Shiraki (Piano), Sergio Tordini (Gittar), Ariel Eberstein (Sträichbass), Maurizio Spiridigliozzi (Akkordeon, Badoneon).
Musek