arrow_back_ios
Schwéierpunkt
D'Ardennenoffensive: Ee falsche Fridden
headphones
0 min
D'Opootme war grouss, wéi d'Amerikaner fir d'éischt den 9. September Péiténg an dunn den 10. September 1944 d'Stad Lëtzebuerg vun Nazi-Däitschland befreit hunn. Och wann d'Nazien nach net kapituléiert haten, war e gewëssent Gefill vu Fräiheet a Fridden do. Zu Munzen huet ee mat den Amerikaner den Thanksgiving-Day gefeiert, zu Wolz huet de sechsten Dezember en amerikaneschen Zaldot de Kleesche gespillt. Mä den 16. Dezember 1944 koum mat der Ardennenoffensiv de Krich zeréck.
Politik a Gesellschaft