arrow_back_ios
Schwéierpunkt
Ardennenoffensiv: Den Neesopbau vum Éislek
headphones
0 min
No der Ardennenoffensiv war de Schued am Éislek enorm. 18.000 Haiser waren zum Deel schwéier beschiedegt oder ganz zerstéiert. D'Rekonstruktioun vun der Regioun war schwiereg, alles huet aus dem Näischt missten opgebaut ginn. An enger éischter Phas huet den Office des dommages de guerre vun der Regierung, dee scho wärend der Krichszäit gegrënnt gi war, d'Schied opgeholl. Op véier Milliarde Lëtzebuerger Frang gouf den Neesopbau chiffréiert.
Politik a Gesellschaft