Musek am Gespréich
Den Trompettist Philippe Schartz
De Philippe Schartz, Joergang 1969, huet als Kand an der Schëfflenger Musek ugefaangen Trompett ze spillen. Et huet net laang gedauert, an dat jonkt Talent schreift sech am Escher Conservatoire an an huet ëmmer méi Spaass mat sengem Instrument. No senger Première verléisst hie Lëtzebuerg, well hien d'Chance krut, an England Musek ze studéieren. Aus deem wat am Ufank just Spaass war, ergëtt sech eng Leidenschaft, an de Philippe Schartz entscheet sech, eng professionell Karriär ze maachen.
22 Joer elo ass de Philippe Schartz Solo-Trompettist am BBC National Orchestra of Wales. 22 Joer, an deenen hien och CD-Produktioune matgemaach huet, Meeschtercourse gehalen oder als Solist mat aneren Orchesteren opgetrueden ass. Mee de Philippe Schartz huet Lëtzebuerg net vergiess. Reegelméisseg kënnt hien heem, fir Museksprojeten oder fir seng Famill a Kolleegen erëmzegesinn. Aktuell ass de Brexit een Theema, dat och déi net-brittesch Museker an England, wéi eben de Philippe Schartz, beschäftegt.
Genuch Theeme fir de Manuel Ribeiro am Gespréich mam Trompettist Philippe Schartz.
Episoden
Wéi eng Plaz hunn d'Fraen an der klassescher Musekswelt?
An der Kultur zu Lëtzebuerg sinn d'Frae nach ëmmer ënnerrepresentéiert. Dat weist den Etat des lieux, deen den CID | Fraen an Gender wärend der Saison 2022-23 gemaach huet.

An aacht Statiounen duerch d'Lëtzebuerger Museksgeschicht
E Gespréich mam Musekswëssenschaftler Damien Sagrillo iwwer seng Publikatioun "Musikgeschichte Luxemburgs"
Fokus op de Christoph Willibald Gluck
De Komponist ass de grousse Reformer vun der Oper am 18. Joerhonnert.
De Begrënner vun der Zwieleftounmusek
Fokus op den Arnold Schönberg
Fokus op de Gustav Holst
Mat senge "Planets" ass dem Holst e Welthit gelongen. Wat faszinéiert un dësem Wierk? Wat huet hien nieft de Planéite komponéiert?
Virun allem en norwegesche Komponist
Fokus op den Edvard Grieg
George Gershwin
Iwwer de Wee vum schlechte Schüler zu engem bekannten a räiche Komponist
Succès mat der Symphonie espagnole
De Bi-Centenaire vum Edourad Lalo, deen an der Musekswelt net vill Echo ausléist!
Mozart vum 19. Joerhonnert
De Felix Mendelssohn Barhtoldy am Fokus
Den Erich Wolfgang Korngold
Vum Wonnerkand zum Filmkomponist

Johannes Brahms
E komplexe Personnage
George Gershwin
Iwwer de Wee vum schlechte Schüler zu engem bekannten a räiche Komponist
Gustav Holst
Vun engem Ländler iwwer seng zweet Suite bis hin zu senger Hymn of Jesus.
Niewent der Oper
Och wann de Gaetano Donizetti haut gréisstendeels als Operekomponist bekannt ass, huet hien och a villen anere Gattunge geschriwwen.
Fokus op de Christoph Willibald Gluck
De Komponist ass de grousse Reformer vun der Oper am 18. Joerhonnert.
De Begrënner vun der Zwieleftounmusek
Fokus op den Arnold Schönberg
Fokus op de Gustav Holst
Mat senge "Planets" ass dem Holst e Welthit gelongen. Wat faszinéiert un dësem Wierk? Wat huet hien nieft de Planéite komponéiert?
Fokus op de Gustav Holst
Mat senge "Planets" ass dem Holst e Welthit gelongen. Wat faszinéiert un dësem Wierk? Wat huet hien nieft de Planéite komponéiert?

Fokus op de Luigi Boccherini
Den Italiener, deen a Spuenie weltwäit bekannt ginn ass
