Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
100komma7.lu / Kultur

/ Kee konnt den "R" esou rulle wéi de Pir Kremer

Kee konnt den "R" esou rulle wéi de Pir Kremer

headphones

10 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Fir Generatioune vu Leit hei zu Lëtzebuerg war et e feste Rendez-vous um Sonndeg Owend, wann et geheescht huet "Um Staminee" vun a mam Pir Kremer, dem Michel, wéi hie sech genannt huet, dem Frënd Meyer der Tata Sidonie oder dem Emelie. De Pir Kremer ass e Stéck Lëtzebuerger Geschicht, an hien huet wéi kaum en anere fäerdeg bruecht, mat enger satirescher Konnotatioun an engem ganz fäinen an ni blessante Witz d'Aktualitéit ënner d'Lupp ze huelen.


De Kréimesch Pir war e joviale Mënsch, mee virun allem awer e Satiriker an Humorist mat Häerz a Witz. E war ni béis a huet net beleidegt, wuel gepickt, an dohier och säi Kierzel, de PIK, mat deem hien och jorelaang fir d'Lëtzebuerger Revue geschriwwen huet.


De Pir Kremer huet mat senger markanter Stëmm Lëtzebuerger Radio- a Kulturgeschicht geschriwwen. Wann een de Pir Kremer an engem Spréchelche géif beschreiwen, da wär et deen: "Et kann een och eppes laachendes Monds soen, an dann ass et och gesot."


De Pir Kremer huet d'Fangeren an d'Wonn geluecht, awer ni ënner der Ceinture. Säin Auteurskolleeg Pol Pütz huet de Pir Kremer an engem Gedicht esou beschriwwen:



'T gët keen, dee Kréimesch Pir nët kennt.


Hien as e liewegt Monument.


Hien huet gepikt a repikéiert,


De Geck gemach, mee ni blesséiert.




Virun allem huet de Pir geschriwwen


Hien as dobei bescheide bliwwen.


Hien as nach haut dee Käercher Jong


Mam steiwe Buedem un de Schong



Den 28. Mäerz 2020 ass et op den Dag 20 Joer hier, datt de Pir Kremer am Alter vu 80 Joer gestuerwen ass.


De Jean Claude Majerus denkt mat engem Touncollage un den Pir Kremer zeréck.

Episoden

Rethinking photography mat Serge Ecker a Patrick Galbats | © Serge Ecker

Rethinking photography mat Serge Ecker a Patrick Galbats

D’Fotoexpoen “Murmurare” a “Mémoires de fortune” zu Diddeleng
headphones

7 min

play_arrow
Um Radar - de Weekend

Um Radar - de Weekend

Den Nicolas Calmes aktivéiert säi Radar a verréit Iech, wat fir eng kulturell Highlighten Dir de Weekend net sollt verpassen.
headphones

4 min

play_arrow
Jonk sinn am 21. Joerhonnert | © https://mierschertheater.lu/

Jonk sinn am 21. Joerhonnert

Wat heescht et haut jonk ze sinn? Dat probéiert eng Ausstellung am Mierscher Theater erauszefannen.
headphones

5 min

play_arrow
"Mir kommen aus verschiddene Länner a sinn zesummen zu Lëtzebuerg"

"Mir kommen aus verschiddene Länner a sinn zesummen zu Lëtzebuerg"

De Lëtzebuerger Ensembel Ars Nova Lux feiert säin 10. Gebuertsdag mat engem Concert an der Philharmonie. Um Programm: vill Lëtzebuerger an och international Musek
headphones

10 min

play_arrow
En neie fotografesche Langage? | © https://www.mnaha.lu/

En neie fotografesche Langage?

Zesummespill tëschent vereelzten an innovative Fototechniken
headphones

15 min

play_arrow
What a Wonderful World | © Alfonso Salgueiro

What a Wonderful World

Ënner deem Titel spillen d’Lëtzebuerger Philharmoniker den 30. Abrëll e Concert ënner der Baguette vum Gast Waltzing.
headphones

10 min

play_arrow
Zum Doud vum Raymond Schaack | © Archiv radio 100,7

Zum Doud vum Raymond Schaack

“Ech hunn ni gesot, ech sinn e Schrëftsteller, ech hunn ëmmer nëmme gesot, ech sinn e Professer, dee schreift.”
headphones

5 min

play_arrow
"Mammifères II" vum Pierre Mérot | © Michelle Barthel

"Mammifères II" vum Pierre Mérot

Ee Roman, deen net méi provokant kéint sinn - a quasi eng Zort Pamphlet géint de Geescht vum politesch Korrekten duerstellt.
headphones

8 min

play_arrow
Filmkritik: "Black Dog"

Filmkritik: "Black Dog"

E Mann, en Hond, eng quasi Geeschterstad um Bord vun der Gobi-Wüst ... Eng Kritik vum Michel Delage a vum Valerija Berdi
headphones

10 min

play_arrow
Mam Fokus op d'klassesch Gittar | © Radio 100,7

Mam Fokus op d'klassesch Gittar

Fir déi mëttlerweil véiert Editioun gëtt vum 10. bis den 19. Mee de Gittarefestival zu Lëtzebuerg ofgehalen.
headphones

8 min

play_arrow
Anne-Marie Reuter - Laureatin vum Servais-Präis 2025

Anne-Marie Reuter - Laureatin vum Servais-Präis 2025

"M for Amnesia" - der Schrëftstellerin an Editrice hiren éischte Roman gëtt mam Servais-Präis 2025 ausgezeechent.
headphones

11 min

play_arrow
Um Radar: ënner der Woch

Um Radar: ënner der Woch

Den Nicolas Calmes aktivéiert säi Radar a faasst zesummen, wat dës Woch kulturell lass ass am Ländchen.
headphones

10 min

play_arrow
Friddensvisiounen | © Hans van der Woerd

Friddensvisiounen

De Michael Schønwandt iwwer Fridden, perséinlech Begéinungen an e seele gespillte Repertoire. De 27.04 ass den Dirigent zesumme mat der DRP live um radio 100,7 ze héieren.
headphones

11 min

play_arrow

headphones

5 min

play_arrow
30 Joer den Atelier: "Fréier war alles e bësse méi Rock'n'Roll" | © Mike Drulang/Atelier

30 Joer den Atelier: "Fréier war alles e bësse méi Rock'n'Roll"

D'Jette Kaiser vum Concertshaus an der Hollerecher Strooss am Gespréich
headphones

11 min

play_arrow
Pressekonferrenz vum OCL | © OCL / Pierre Weber

Pressekonferrenz vum OCL

Den Orchestre de Chambre du Luxembourg, kuerz OCL, huet haut op eng Pressekonferenz am Grand Théâtre agelueden.
headphones

9 min

play_arrow
Musique Plus

Musique Plus

Een interaktive Projet, bei deem et méi wéi nëmmen ëm Musek geet.
headphones

8 min

play_arrow
Am Gespréich mam Antoine Pohu an der Anne Simon | © Alfonso Salgueiro

Am Gespréich mam Antoine Pohu an der Anne Simon

De Schrëftsteller an d'Metteuse en scène iwwer hiert Stéck "Spring Awakenings"
headphones

21 min

play_arrow

Chère Maman

Eng BD vun der Sophie Adriansena Mlle Caroline. Et geet hei ëm Mammen, déi toxesch kënne sinn.
headphones

5 min

play_arrow

Sound Effects Workshop

Wann Dir Iech scho mol selwer u Sound Effecter wollt probéieren, kënnt Dir dat de Sonndeg um PICelectroNIC zu Bouneweg.
headphones

4 min

play_arrow