Vläicht huet sech deen een oder aneren Nolauschterer genee esou am Stach gelooss gefillt, wéi de leschten Deel vun der Serie "The Handmaid's Tale" gelaf ass. Eng Haaptprotagonistin, déi Jore laang vun engem totalitäre Staat festgehalen, vergewaltegt, gefoltert a gehetzt gouf, steet kuerz virun der Fräiheet. Oder erwaart si um Enn awer nees Prisong, oder den Doud? An dem Margaret Atwood hirem Roman "The Testaments", deen d'lescht Joer am September, also ronn 35 Joer no "The Handmaid's Tale" erauskoum, gëtt een endlech gewuer, wat mat der June Osborne alias "Desfred" geschitt. De Claude Faber mat engem Liestipp.
arrow_back_ios
Kultur
Margarete Atwood - The Testaments
Episoden

Rethinking photography mat Serge Ecker a Patrick Galbats
D’Fotoexpoen “Murmurare” a “Mémoires de fortune” zu Diddeleng

Um Radar - de Weekend
Den Nicolas Calmes aktivéiert säi Radar a verréit Iech, wat fir eng kulturell Highlighten Dir de Weekend net sollt verpassen.

Jonk sinn am 21. Joerhonnert
Wat heescht et haut jonk ze sinn? Dat probéiert eng Ausstellung am Mierscher Theater erauszefannen.

"Mir kommen aus verschiddene Länner a sinn zesummen zu Lëtzebuerg"
De Lëtzebuerger Ensembel Ars Nova Lux feiert säin 10. Gebuertsdag mat engem Concert an der Philharmonie. Um Programm: vill Lëtzebuerger an och international Musek

En neie fotografesche Langage?
Zesummespill tëschent vereelzten an innovative Fototechniken

What a Wonderful World
Ënner deem Titel spillen d’Lëtzebuerger Philharmoniker den 30. Abrëll e Concert ënner der Baguette vum Gast Waltzing.

Zum Doud vum Raymond Schaack
“Ech hunn ni gesot, ech sinn e Schrëftsteller, ech hunn ëmmer nëmme gesot, ech sinn e Professer, dee schreift.”

"Mammifères II" vum Pierre Mérot
Ee Roman, deen net méi provokant kéint sinn - a quasi eng Zort Pamphlet géint de Geescht vum politesch Korrekten duerstellt.

Filmkritik: "Black Dog"
E Mann, en Hond, eng quasi Geeschterstad um Bord vun der Gobi-Wüst ... Eng Kritik vum Michel Delage a vum Valerija Berdi

Mam Fokus op d'klassesch Gittar
Fir déi mëttlerweil véiert Editioun gëtt vum 10. bis den 19. Mee de Gittarefestival zu Lëtzebuerg ofgehalen.

Anne-Marie Reuter - Laureatin vum Servais-Präis 2025
"M for Amnesia" - der Schrëftstellerin an Editrice hiren éischte Roman gëtt mam Servais-Präis 2025 ausgezeechent.

Um Radar: ënner der Woch
Den Nicolas Calmes aktivéiert säi Radar a faasst zesummen, wat dës Woch kulturell lass ass am Ländchen.

Friddensvisiounen
De Michael Schønwandt iwwer Fridden, perséinlech Begéinungen an e seele gespillte Repertoire. De 27.04 ass den Dirigent zesumme mat der DRP live um radio 100,7 ze héieren.


30 Joer den Atelier: "Fréier war alles e bësse méi Rock'n'Roll"
D'Jette Kaiser vum Concertshaus an der Hollerecher Strooss am Gespréich

Pressekonferrenz vum OCL
Den Orchestre de Chambre du Luxembourg, kuerz OCL, huet haut op eng Pressekonferenz am Grand Théâtre agelueden.

Musique Plus
Een interaktive Projet, bei deem et méi wéi nëmmen ëm Musek geet.
