Musek am Gespréich
Franz von Suppé, e Liewe fir d'Wiener Operett
60 min
De Franz von Suppé (och als Suppè geschriwwen) ass den 18. Abrëll 1819 zu Split ënner dem Numm Francesco Ezechiele Ermenegildo Cavaliere Suppé-Demelli gebuer. Säi Papp hat belsch an italienesch Wuerzelen a seng Mamm war gebierteg vu Wien. Et ass eréischt nom Doud vum Papp, datt de Suppé sech zesumme mat senger Mamm zu Wien etabléiert. Séier huet hien am Theater an der Wien, am Kai-Theater an am Carl-Theater mat sengen Operetten an Opere Succès. Symphonien, Sakralmusek, Balleten an aner Wierker vum Suppé sinn nëmmen nach seelen ze héieren. Just d'Ouverturë vun Operette bleiwen immens populär.
Den 21. Mee 2020 ass den 125. Doudesdag vum Komponist. De Manuel Ribeiro huet am Suppé seng Biographie eragekuckt a sech mam Dr. Andreas Weigel, deen eng Suppé-Monographie erausbruecht huet, ënnerhalen.