arrow_back_ios
Musek am Gespréich
Fokus op de Christoph Willibald Gluck
De Christoph Willibald Gluck ass ee Reesender vun der Musek, stänneg an enger anerer Stad, an engem anere Land, wou hie Musek schreift, Opere produzéiert an och nei Iddie sammelt. De Gluck huet eng Ambitioun: déi grouss Oper - eng Oper, déi ewech kënnt vun de Regionalismen, eng Oper, déi Musek an Handlung als ee Ganzt gesäit.