Musek am Gespréich
D'Emmanuelle Haïm
60 min
Enn Februar 2020 war d'Dirigentin Emmanuelle Haïm mat hirem Ensembel Le Concert d'Astrée am Stater Theater fir op zwee Owenter Opere vu Rameau a Mondonville opzeféieren.
D'Emmanuelle Haïm huet fënnef Éischt Präisser vum Conservatoire National Supérieur de Paris an huet hir éischt Schrëtt beim William Christie a sengem Ensembel gemaach. Am Joer 2000 grënnt déi geléiert Cembalistin hiren eegenen Ensembel Le Concert d'Astrée a kennt zanterdeem nëmme Luef fir hir Optrëtter an Diskeproduktiounen.
De Manuel Ribeiro huet d'Emmanuelle Haïm am Stater Theater deemools getraff a mat hir e Gespréich geféiert iwwer der Dirigentin hir Karriär, mee och iwwer d'Wichtegkeet vum Barockgenre haut.