Iwwer Tëlee Lëtzebuerg koum de René Steichen op Bartreng bei RTL Productions, wou hien an den 1970er an 1980er Joren an deenen zu där Zäit modernsten Televisiounsstudioen an Europa aktiv war. Hei koumen déi éischt Computer zum Asaz fir visuell Effekter an syntheetesch Biller ze produzéieren, Biller déi bei Jingelen a Videoclippen agesat goufen. Vill grouss Kënschtler hunn deemools de Wee op Bartreng fonnt fir hei hir aktuell Videoclippe produzéieren ze loossen.
arrow_back_ios