Virun 105 Joer huet den Albert Einstein seng allgemeng Relativitéitstheorie publizéiert. Déi éischt vun den zwou physikaleschen Theorien, déi speziell Relativitéitstheorie koum schonn 1905 eraus a behandelt Liicht, Raum an Zäit. Déi allgemeng baut op deene Resultater op. Hei beschreift hie wéi d'Gravitatioun duerch Béie vu Raum an Zäit zustane kënnt. Mat der Relativitéitstheorie huet den Einstein déi modern Kosmologie gegrënnt, eng Léier, déi sech mam Ursprong an der Entwécklung vum Universum auserneesetzt.
arrow_back_ios