Den 21. Mäerz 1846 kritt de Belsch Adolphe Sax a Frankräich d'Patent fir säin neit Museksinstrument, de Saxophon. Erfonnt hat hien de Saxophon schonn 1840. D'Instrument gouf fir de sinfoneschen Orchester konzipéiert, wou de Sax eng Klangfaarf tëschent dem Hautbois an der Klarinett vermësst huet. D'Instrument sollt awer eréischt Joerzéngte méi spéit duerch den Jazz weltwäit bekannt a beléift ginn.
arrow_back_ios
Dagdeeglech
Virun 175 Joer gëtt de Saxofon patentéiert
