Déi schlëmmste Katastroph an der ziviller Aviatioun: Décken Niwwel, Problemer beim Funk, kee Buedemradar, iwwerfuerdert Fluchlotsen an een ongedëllege Pilot. Déi gréisste Katastroph an der ziviller Aviatioun fuerdert haut op den Dag viru 44 Joer op der spuenescher Vakanzeninsel Teneriffa 644 Mënscheliewen, wéi beim Start een Jumbo-Jet vun der hollännescher KLM mat engem Jumbo-Jet vun der amerikanescher Pan-Am kollidéiert. 61 Mënschen aus dem Pan-Am Jet konnte sech selwer retten oder goufen gerett.
arrow_back_ios