Konferenzen
Sexuell Revolutioun an dann?
Lëtzebuerg ass keng "kulturell" Insel, mee wat fir een Impakt haten d'Antibabypëll an d'Fraebeweegung op Virstellunge vu Weiblechkeet a Männlechkeet zu Lëtzebuerg? Wéi kann een dat iwwerhaapt moossen oder ënnersichen?
An dësem Virtrag diskutéiere mir, wéi a firwat d'Verhältnesser tëschent de Geschlechter sech an de leschte Joerzéngte verännert hunn. Doru gekoppelt ass d'Fro nom Afloss vu biologesche Virstellungen op sozial Realitéiten.
Geschlechterverhältnesser zu Lëtzebuerg zanter den 1960er Joren: e Virtrag de 25. Januar am Kader vum Konferenzzyklus am CAPE zu Ettelbréck: "Kulturgeschicht Lëtzebuerg - vun den 1950er Jore bis haut", mat der Historikerin Dr. Sonja Kmec, Associate professor Uni Lëtzebuerg.
Organiséiert an Zesummenaarbecht mam Institut fir Lëtzebuerger Sprooch- a Literaturwëssenschaft an der Fuerschungsunitéit IPSE vun der Uni Lëtzebuerg.
Den Ofschlossvirtrag vun der Dr. Jeanne Glesener, mat engem Resumé vun den eenzele Beiträg, brénge mir muer op Ouschterméindeg tëschent 17:00 an 18:00 Auer.
Enregistrement a Montage: Carlo Link
Informatiounsmaterial zum Virtrag
Sonja Kmec © Carlo Link