arrow_back_ios
Schwéierpunkt
E Vollek steet op
headphones
0 min
De 17. Juni 1953 ass de bluddegen Héichpunkt vun den Aarbechter-Manifestatiounen uechter d'DDR. D'Aarbechter wiere sech géint d'Erhéijung vun den Aarbechtsnormen, wat de facto eng Kierzung vun de Léin bedeit. Mat där Mesure wëllt d'SED d'Finanze vum Aarbechter- a Bauerestaat sanéieren. Zu där Zäit gëtt et och scho Pläng, d'DDR zu engem eegestännege Staat mat enger definitiver Grenz ze maachen.
Politik a Gesellschaft