Radioen

On air

Resonanzen  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Sot emol

100komma7.lu / Sot emol

/ Marc Kiefer

Marc Kiefer

headphones

0 min

Den Directeur sportif vum Paralympesche Comité Marc Kiefer war tëscht dem 24. August an 5. September op de Paralympics zu Tokyo als Chef de Mission mat derbäi. A fir d'Sportler, d'Trainer oder d'Fonctionnären goufen paralympesche Spiller, duerch eng perfekt Organisatioun, enger grousser Gentillesse vun de Leit an duerch eng aussergewéinlech Stëmmung zu engem eenzegaartegen Erliefnes. D'Sport spillt fir de Marc Kiefer awer net nëmmen professionell mä och privat eng grouss jo wann net esou guer dominant Roll, an doriwwer erzielt hien an dësem Gespréich.

Episoden

Marja Leena Junker

Zanter iwwer 50 Joer lieft déi gebierteg Finnin zu Lëtzebuerg an huet als Actrice, Theaterdirektesch an engagéierte Mënsch hir nei Heemecht markéiert.
headphones

0 min

Eric Mangen

De Kënschtler schafft vill am ëffentleche Raum, als Street Artist ass hien an der Haaptsaach dofir bekannt, datt hien aus Fassade Konschtwierker mécht.
headphones

0 min

Serge Basso de March

De fréieren Direkter vun der Escher Kulturfabrik, Auteur, a virun allem och Poet ass zanter dem leschte Joer an der Pensioun.
headphones

0 min

Frank Feitler

De fréieren Theaterdirekter, Regisseur, Dramaturg an Zeenarist ass haut eisen Invitée wann et dann heescht. "Sot emol, Här Feitler!"
headphones

0 min

Frank Feitler

De fréieren Theaterdirekter, Regisseur, Dramaturg an Zeenarist ass haut eisen Invitée wann et dann heescht. "Sot emol, Här Feitler!"
headphones

0 min

Sabrina Collé

Si ass Phoneetikerin, Schrëftdolmetscherin a Chargée de Direction vun der Associatioun Hörgeschädigten Beratung.
headphones

0 min

René Closter

Dee professionelle Pompjee a Fondateur vun der Luxembourg Air Rescue ass Invité.
headphones

0 min

Ursula Meissner

Krich an d'Leide vu Mënsche weisen ass den Alldag an d'Essenz vun der däitscher Krisen- a Krichsfotografin. Zanter 1992 schafft si als fräi Fotojournalistin.
headphones

0 min

Jim Goerres

Educatioun a Vermëttele vu Wësse sinn de roude Fuedem, dee sech duerch säi Liewen zitt. Fréier war hien Enseignant, haut ass hie President vu MemoShoah.
headphones

0 min

Dr. Thomas Dentzer

De Virolog a strategesche Coordinateur vun der Gesondheetsdirektioun begleet eis zanter dem Ufank vun der Pandemie via Tëlee, Radio a sozial Medien.
headphones

0 min

Jean-Pol Roden

Den Invité ass begeeschtert vum Kabaret, war laang Mataarbechter vum radio 100,7 an huet eng spatz satiresche Fieder, fir sech auszedrécken.
headphones

0 min

Dr. Thomas Dentzer

De Virolog a strategesche Coordinateur vun der Gesondheetsdirektioun begleet eis zanter dem Ufank vun der Pandemie via Tëlee, Radio a sozial Medien.
headphones

0 min

Laura Miller

Fussball spillt eng grouss Roll an hirem Liewen. Si spillt an der Lëtzebuerger Dammennationalekipp an och zanter Kuerzem bei den Damme vum Standard Léck.
headphones

0 min

Dr. Patrick Peters

Dr. Patrick Peters

De passionnéierten Polar-Aventurier plangt un enger Expeditioun op de Südpol, 3.600 Kilometer a 60 Deeg. Wéi koum de Patrick Peters bei déi Passioun am éiwegen Äis?
headphones

0 min

Christian Schmitz

Wéi den Intressi an d'Schaffen un alen Zich zu enger richteger Passioun ka ginn.
headphones

0 min

Françoise Poos

D'Directrice vum Kulturprogramm Esch 2022 a Verwaltungsrotspresidentin vum Centre culturel Neimënster huet virun 20 Joer zu New York gelieft an d'Attentater vum 9/11 materlieft.
headphones

0 min

Marc Elvinger

Den Affekot engagéiert sech fir de Bangladesch bei der ONG Friendship. Wou kënnt deen Driff hier, wat passionéiert a motivéiert de Marc Elvinger?
headphones

0 min

Karolina Markiewicz & Pascal Piron

Si kommen aus ënnerschiddleche Richtungen: Konscht, Theater, Film a hu sech - mat Succès - an déi virtuell Welt gewot.
headphones

0 min

Marc Kiefer

Den Directeur sportif vum Paralympeschen Comité Lëtzebuerg war als Chef de Mission op den paralympesche Spiller zu Tokyo mat derbäi.
headphones

0 min

Frederic Haupert

Frederic Haupert

Eisen Invitée vun haut ass zanter 13 Joer Direkter vun CARE Lëtzebuerg a setzt sech mat grousse Passioun a Motivatioun an der humaitärer Hëllef an.
headphones

0 min