arrow_back_ios
Schwéierpunkt
Fir méi Nohaltegkeet a Wuelbefannen: Klierf trëppelt op d'Brems
headphones
0 min
Am positive Sënn ekonomesch op d'Brems trëppelen, a liewenswäert Gemenge schafen, dat ass den Usproch vum Netzwierk Cittaslow. Zum Konzept gehéieren eng nei urbanistesch Architektur, eng sozial Kohesioun an eng Wirtschaft mat lokale Produiten an Déngschtleeschtungen. De Reseau Cittaslow gouf 1999 an Italien an d'Liewe geruff an zielt international méi wéi 270 Stied als Memberen. Elo wëllt als éischt Lëtzebuerger Gemeng Klierf an d'Netzwierk opgeholl ginn.
Politik a Gesellschaft
Noriichten