Den Heinrich Schütz ass de Komponist vum Mount November um radio 100,7. An de 87 Joer, déi hie gelieft huet, sinn iwwer 500 Wierker entstanen. Seng Kompositioune ginn haut - bal 350 Joer nom Doud vum Komponist - ëmmer nach reegelméisseg op d'Programmer vu Concerten an Opname gesat.
Niewent enger ganzer Partie Musek proposéiert de Luc Boentges eng Abléck an déi éischt Jore vum Schütz, e Gespréich mam Musekswëssenschaftler Walter Werbeck, an en Ausbléck op d'Schütz-Joer 2022.