Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Al Schanken

100komma7.lu / Al Schanken

/ Al Schanken

Al Schanken

headphones

0 min

"Vicious" ass 1972 den Album Opener op "Transformer", dem Lou Reed sengem zweete Solo-Album no der Opléisung vu Velvet Undergound. Et war dat déi New Yorker Band, bei där hien zanter de Mëtt Sechzeger Gittarist a Sänger war. D'Vente vu "VU" waren ni immens héich, mee d'Band hat eng Zort Kultstatus an hirer Heemechtsstad, wou si d'Hausband am Andy Warhol sengem Konschtstudio Factory waren ... an och vun der Popikon gemanaged an encouragéiert gouf op innovativen an onkonventionelle Rocksound ze setzen.

Solo blouf de Lou Reed enk mam Warhol a mat der New Yorker Zeen verbonnen. U seng Kompositioun "Vicious" erënnert de Museker sech am US-amerikanesche Magasinn Rolling Stone esou: "Andy said, 'Why don't you write a song called 'Vicious'? And I said, 'What kind of vicious?' 'Oh, you know, vicious like I hit you with a flower.' And I wrote it down literally."

Um Album "Transformer" gëtt de Lou Reed ë. a. vum David Bowie a vun deem sengem deemolege Gittarist Mick Ronson begleet. De Bowie war ee vun de gréisste Fans vum Reed, deen de 27. Oktober 2013 am Alter vun 71 Joer gestuerwen ass. Och de faméise Kulthit "Walk On The Wild Side" fënnt een op dësem Album. Wéi "Vicious" ass et et eng Kompositioun vum Lou Reed.

Playlist:


Webb Wilder - Nutbush City Limits (Powerful Stuff, 2018)
Southside Johnny & the Ashbury Jukes - I've Been Working Too Hard (Better Days, 1991)
Stone Foundation feat. Graham Parker - I'm Gonna Tear Your Playhouse Down (single only, 2019)
Graham Parker - New York Shuffle (Stick To Me, 1977)
Bryan Ferry - Tokyo Joe (In Your Mind, 1977)
Steve Miller Band - Take The Money And Run (Fly Like An Eagle, 1976)
David Crosby - Ships In The Night (For Free, 2021)
Leslie West - Dear Prudence (The Leslie West Band, 1976)
Lou Reed - Vicious (Lou Reed live, 1975)
Lou Reed - Walk On The Wild Side (Lou Reed live, 1975)
The Cure - Pictures Of You (Disintegration, 1989)
The Stranglers - My Fickle Resolve (Giants, 2012)
David Byrne - Make Believe Mambo (Rei Momo, 1989)


Musek

Episoden

Revisited

Coverversioune vu Lennon/McCartney a vun Jagger/Richards - et erkennt ee se wuel erëm, mee vill dovunner droen zousätzlech d’Handschrëft vun deenen, déi se interpretéieren.
headphones

60 min

play_arrow

Black Pumas live

Black Pumas ass den Duo Eric Burton (Gesang) / Adrian Quesada (Gittar a Produktioun) plus backing band ronderëm déi zwee Museker aus Austin, Texas.
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

headphones

60 min

play_arrow

headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Zeréck an d’Sixties!
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Live tracks
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Around Austin, Texas
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Rockin’ the 90ies!
headphones

60 min

play_arrow

Echo and the Bunnymen live

D'Livetracks vun der brittescher Band koumen eréischt 2001 an der véier-CD-Box “Crystal Days” eraus, opgeholl goufe se awer schonn am Abrëll 1985 wärend enger Schweden-Tour.
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Let’s go live!
headphones

60 min

play_arrow

Bob and Jesus

Et geet ëm een eenzegen Album: “Slow Train Coming” (1979), deen éischte vun enger reliéiser Trilogie, déi de Bob Dylan als engagéierte Chrëscht opgeholl huet.
headphones

60 min

play_arrow

One day a ship comes in …

… séngt de Mark Lanegan a sengem Lidd “One Hundred Days”. An dëser Stonn mam Grëff an déi musikalesch Archivkëscht dréit sech munches ëm Verlaangeren, Erënnerungen, Hoffnungen an Trennungen
headphones

60 min

play_arrow

Essential Funk & Soul

headphones

60 min

play_arrow

The Cure live

Zanter den Enn Siwwenzeger ziele The Cure zu den aflossräichsten Acts an der Zeen. Am Oktober 2019 koum hire Coffret “40 Live - Curaetion 25 - Anniversary“ eraus.
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Thin Lizzy & Chappo live!
headphones

0 min

Vertounte Geschichten

Eng Stonn an där mir am Genre „Songwriting“ ënnerwee sinn, mat Geschichten, déi an de leschte Joren a Joerzéngte vertount an erzielt gi sinn...
headphones

60 min

play_arrow

D + IR

D fir Däitschland, IR fir Irland: an dësen zwee Länner si mir den Owend mat enger Partie Tracks ënnerwee.
headphones

60 min

play_arrow

1968

Eng Auswiel vu Lidder, déi 1968 an aller Ouer waren ... an et zum Deel nach haut sinn!
headphones

60 min

play_arrow

Special David Bowie

Dësen 10. Januar sinn et aacht Joer, datt mam David Bowie ee vun den erfollegräichsten a respektéiertste Kënschtler, dës Welt zwee Deeg no sengem 69. Gebuertsdag verlooss huet.
headphones

60 min

play_arrow

Erëmhéieren oder entdecken x 23!

1977 ass dat Joer, dat dobäi eng Grëtz méi am Mëttelpunkt steet - mat villen Interpreten, déi haut nach ëmmer aktiv sinn!
headphones

120 min

play_arrow