Déjà Vu
Transformer - Lou Reed
11 min
Nodeems deen éischte Solo-Versuch no Velvet Underground kommerziell e Flopp war, ass dëse Release de Startschoss fir eng eemoleg weltwäit Karriär. Um Album fënnt ee Klassiker wéi "Walk On The Wild Side", "Vicious", "Perfect Day" a "Satellite Of Love". Sämtlech Lidder si Kompositioune vum Lou Reed, e groussen Undeel um Erfolleg huet awer och de Produzenten-Duo David Bowie/Mick Ronson.
Den New Yorker Museker ass de 17. Oktober 2013 am Alter vun 71 Joer no engem Traitement wéinst Liewerkriibs gestuerwen. Am Juni 2012 konnt een hien an der Rockhal erliewen. De Fred Medernach kuckt nach emol op dëse Release zeréck.